E Sonndeg den Owend huet en Tweet vum Wäissen Haus fir vill Spott an de sozialen Netzwierker gesuergt.

Kritiker no kéint dësen Tweet esouguer déi "dommste Lige vum Joer 2020" sinn. "Éischte Schnéi vum Joer" steet nämlech iwwert enger Foto vum Wäissen Haus, op där ee Schnéiflacken erkenne kann. Zimmlech kontrovers, wann ee bedenkt, dass e Sonndeg Temperature bis zu 21 Grad zu Washington gemellt waren. An esouguer wann et geschneit hätt, wier et awer net den éischte Schnéi vum Joer gewiescht, deen ass nämlech schonn en Dënschdeg gefall.

Dat erkläert och, wéi d'Foto entstanen ass. Schonn en Dënschdeg gouf d'Bild nämlech um Flickr-Account vum Wäissen Haus eropgelueden, ass awer am Kontext vun der USA-Iran-Kris net op Twitter gesat ginn, sou schreift et Huffington Post. Wisou sech d'Social-Media-Abteilung e Sonndeg bei Fréijoerstemperaturen op eemol dozou entscheet huet, ass net gewosst.