Et wäert dat gréisste Gebai am Grand-Duché ginn, wat komplett aus Holz aus der Groussregioun gebaut soll ginn. Dat Ganzt ugesidelt zu Leideleng.

Bâloise Assurances kritt en neie Siège zu Lëtzebuerg, wou 429 Mataarbechter an Zukunft wäerte schaffen. Besonnesch un hirem neie Gebai ass d'Material, mat deem et gebaut gëtt. Hei gëtt an der Haaptsaach Holz, wat aus der Groussregioun kënnt, genotzt. Dat ass, fir e Gebai vun deenen Ausmoossen, eng Première am Grand-Duché.

Donieft gëtt "Wooden", wéi de Projet aktuell genannt gëtt, dat zweet Gebai zu Lëtzebuerg, datt dem WELL Building Standard entsprécht.

D'Aarbechte wäerten am Fréijoer 2020 ufänken a solle am zweete Semester 2022 ofgeschloss sinn.