Dee Film, deen 2019 am meeschte Geld agespillt huet, ass och zäitgläich deen erfollegräichste Film vun allen Zäiten.

Dat war soss laang Zäit de Film Avatar, ma zënter deem awer elo d'lescht Joer den Avengers-Endgame erauskomm ass, sinn dës Zäiten eriwwer. Mat 2,797 Milliarden Euro, déi de Film bis elo agespillt huet, huet de leschten Avengers elo ëm ronn 7 Milliounen Dollar d'Nues vir.

Mol net hallef souvill Ëmsaz, nämlech mat 1,13 Milliarden Dollar, geet d'Plaz 2 och un e Marvel-Film, nämlech Captain Marvel.

An op der Plaz 3 kënnt d'Verfilmung vum Aladdin mat ëmmerhin nach 991 Milliounen Euro Ëmsaz.

Meeschtverkaafte Museksalbumen am Joer 2019

Op der Nummer 3 kënnt eng Damm, där een zënter Joren net aus de Féiss kënnt: rieds geet vum Taylor Swift. Hiren Album "Lover" huet sech 2,1 Millioune Mol verkaaft.

Ma och déi 2. Plaz geet un eng Fra, nämlech un d'Ariana Grande a säin Album „thank u, next“, en Album, dee jo och vu ville Kritiker héich gelueft gëtt. Och dësen Album huet sech bëssi méi wéi 2,1 Millioune Mol verkaaft.

Och déi ongeschloen Nummer 1 ass eng weiblech Musekerin, nämlech d'Billie Eilish mat hirem Album „when we all fall asleep, where do we go?“. 2,5 Millioune Mol gouf dësen Album 2019 verkaf a kënnt virun allem beim méi jonke Publik gutt un.

Fir d'Fans vu Schockela: Wéi eng Mark huet d'Nues 2019 fir gehat?

Hei hu mer nëmme riseg Konzerner op den éischte Plazen, ugefaange mat der Plaz 3, hei kënnt Mondelèz International, déi ënnert anerem Milka, Côte d'Or, Toblerone, Daim oder d'Mozartkugele weltwäit verkafen, dat mat engem Ëmsaz vun 11,7 Milliarden Dollar.

Op der Plaz 2 kënnt Ferrero, mat bekanntlech jo engem Haaptsëtz hei zu Lëtzebuerg. Ënnert anerem ass Ferrero bekannt duerch Produite wéi Duplo, Kinder-Schockela, Nutella, Rocher, Tic Tac, Mon Chérie...a sou weider. Ëmsaz: 12,3 Milliarden Dollar.

Ongeschloen op der Nummer 1 ass awer kloer mat 18 Milliarden Dollar Ëmsaz Mars incorporated, bekannt ass de Konzern mat Produite wéi Mars, Twix, Milky Way, Snickers, Balisto, Maltesers a sou weider...