Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm Fotografie, Musek an e Cabaret.

Déi renomméiert Fotografin Eilo Elvinger huet Droit zu Paräis an New York studéiert. Zanter 1982 ass se passionéiert vun der Fotografie. Elo reest si iwwerall mam Fotoapparat hin an huet och schonn e puer Präisser gewonnen, wéi zum Beispill de "Wildlife Photographer of the Year" am Joer 2017. De Weekend stellt se hir Fotoen op der Vakanzefoire aus.

D'Sängerin Adrienne Haan lieft zu New York, wou se och schonn an der Carnegie Hall opgetrueden ass. Zu hirem Repertoire gehéiert franséische Chanson, Jazz, Blues a Klezmer. E Méindeg, de 27. Januar ass si mat "Tehorah" am Escher Theater ze gesinn.

De Jhemp Hoscheit ass ee vun de bekanntste Kabarettisten am Land. "Fréier wor alles" heescht deen neie Programm, deen en Donneschdeg Première hat a mat deem hien elo zesumme mam Julien Arpetti op Tournée geet.