No 50 Joer Karriär geet de bekannten Designer Jean-Paul Gaultier, net an d'Pensioun, mä hält op Defiléen z'organiséieren.

An engem Schreiwes huet de franséische Star-Designer e Freideg annoncéiert, dass den Defilé den 20. Januar definitiv dee Leschte wäert sinn.

"Le 22 janvier 2020, je fêterai mes 50 ans de carrière dans la mode avec un grand défilé-show Haute Couture, au Théâtre du Châtelet. Ce sera aussi mon dernier défilé".

Viru 6 Joer schonn hat de Jean-Paul Gaultier annoncéiert mat senger Prêt-à-porter-Moud opzehalen. Deemools hat et geheescht, dass d'Moud mat der Zäit changéiert hätt.

Et soll awer net ganz eriwwer sinn, hie wéilt sech elo an nei Projeten lancéieren, déi och an nächster Zäit solle presentéiert ginn.