En dafe Mann vun New York huet 3 Pornosäite verklot, well hien hir Filmer am Internet net genéisse kann. D'Ënnertitele feelen.

De Yaroslav Suris huet um Geriicht zu Brooklyn eng Klo géint d'Internetsäiten Pornhub, Redtube a Youporn, mä och géint de Mammekonzern MindGeek agereecht. Hie gehäit hinne vir géint en US-Gesetz ze verstoussen, dat Mënsche mat engem Handicap virun Diskriminéierung schütze soll.

A sengem Schreiwes vun 23 Säiten verweist de Mann op verschidden erotesch Videoen, déi hien am Oktober d'lescht Joer an elo am Januar kucke wollt. Ouni Ënnertitel kéinten daf Mënschen oder Leit mat engem schlechte Gehéier d'Filmer awer guer net esou suivéieren wéi aner User. Hie wéilt dofir elo Schuedenersatz. Eng Zomm gouf awer net genannt.

De Vizepresident vu Pornhub, Corey Price, huet de Virworf zeréckgewisen. Seng Internetsäit hätt duerchaus eng Kategorie mat Ënnertitel.