Am Bundesstaat Florida musse Passanten den Ament besonnesch virsiichteg sinn... et falen nämlech Leguane vun de Beem.

Wéinst Temperaturen ëm de Gefréierpunkt si vill vun den Echsen erfruer. Wéi verstengert sëtze si an de Beem. Et kann duerchaus virkommen, dass engem Passant beim Spadséieren eng vun hinnen op de Kapp fält. Dowéinst sollen d'Awunner gutt oppassen, wa si ze Fouss ënnerwee sinn, well dës Déiere bis zu 1,50 Meter laang kënne ginn an ëm 9 Kilo weie kënnen.

Vun e Mëttwoch u sollen d'Temperaturen awer nees klammen. Sou kënnen d'Leguanen entdeeën an de Risiko, vun engem vun hinne getraff ze ginn, gëtt däitlech méi kleng.