D'Pompjeeë vu Lustenau goufen en Donneschdeg fir en éischter aussergewéinlechen Asaz geruff... et stoungen nämlech iwwer 1.000 Liter roude Wäin um Spill!

Hinne gouf lescht Woch eng ondicht Wäifläsch gemellt. Eng kriddeleg Affär, wann ee bedenkt, dass déi gréisste Wäifläsch vun der Welt ugefaangen huet, auszelafen. Mat enger Héicht vun 3 Meter hat si 2017 en neie Weltrekord opgestallt.

Mat Hëllef vu Sandsäck, Holzpaletten an engem 30 Zentimeter décke Stopp aus Kork konnt awer Schlëmmeres verhënnert ginn. Ronn 1.300 Liter konnten nach rechtzäiteg ëmgefëllt ginn.

En Asaz, deen d'Pompjeeë sécherlech ni méi vergiesse wäerten...