An enger Etüd vun Diplomeo gouf analyséiert, wéi eng sozial Netzwierker am beléiftste bei der Generatioun Z sinn.

4.312 Kandidaten tëscht 16 a 25 Joer hu beim Sondage matgemaach. Laang Zäit war Facebook de Spëtzereider ënnert Applikatioune wéi Twitter, Pinterest oder Snapchat. Elo gëtt et awer eng nei Nummer 1. De soziale Reseau, op deen déi meescht Jonk reegelméisseg zeréckgräifen, ass Instagram mat ganzer 81%. Dat ass eng Hausse vun 8% par rapport zu leschtem Joer. Op der zweeter Plaz läit Snapchat mat 74% an déi 3. Plaz séchert sech Facebook mat 61%.

Deelt een d'Participanten an d'Alterskategorië 16-18 Joer, 19-21 Joer an 22-25 Joer an, stellt ee fest, dass den Interessi u Facebook mam Alter zou- an deen un Instagram ofhëlt. 89% vun de Mannerjäregen, déi bei dëser Etüd matgemaach hunn, benotzen Instagram, ma just 36% Facebook.

Ënnert all de Jugendlechen a jonken Erwuessenen hunn een Drëttel bestëmmte sozialen Netzwierker de Réck gedréit. 57% ginn un, dass si de Contenu net méi interesséiert, méi wéi d'Hallschecht soten, dass si d'Appen net méi géinge brauchen. 36%vun hinne géingen näischt méi deelen a 17% wéilten hir perséinlech Donnéeë schützen. Just wéineg Notzer assoziéieren negativ Gefiller wéi Trauregkeet, Roserei oder Verloscht vu Selbstbewosstsinn mat Facebook & Co. Déi meescht verbanne positiv Emotioune wéi Freed, Motivatioun, Amusement oder Rou domat.

Wéi ass et da mam Dram, e berüümten Influencer ze ginn? De Resultater no wënsche sech dat nëmme 5% vun de Participanten tëscht 16 a 25 Joer.