Beim kaliforneschen Zouliwwerer fir Vinylsplacken "Apollo Masters" koum et zu engem gréissere Feier. Dëst kéint Konsequenzen op déi ganz Branche hunn.

Zu Banning, net wäit vu Los Angeles ewech, koumt et a Produktiouns- a Lagerhal vun Apollo Masters zu engem katastrophale Brand, de Schued an der Firma ass grouss. Wéi et an Zukunft mat der Plackefirma soll weider goen, steet an de Stären. D'US-Medie schwätzen dovunner, dass de Brand schonn e Freideg entstane wier.

De Vinyl-Business kéint elo an eng Kris falen

Apollo Master ass ee vu weltwäit nëmmen 2 groussen Hiersteller vu Vinylsplacken, d'Branche ass dohier besuergt, wat fir Repercussiounen dëst op de Vinylsmarché kéint hunn. Niewent Apollo Masters géif just nach de japaneschen Hiersteller MDC kënne mathalen. Dës zwou Firme sinn déi eenzeg, déi 14 Zoll Placke mat Lack-Beschichtung produzéieren.

De Matgrënner vum Label "Third Man Records" huet an engem Interview mat Pitchfork betount, dass hien dovunner ausgeet, dass dëse Brand der Industrie weltwäit Problemer wäert bereeden. Et gëtt gefaart, dass bei Studioen a Presswierker, déi mat der Lacktechnologie vu Placke schaffen, elo e risegt Lach kéint entstoen. Eenzeg Hoffnung: Net alleguerten d'Produzente vu Placke schaffe mat Lackrohlingen. Deelweis kommen och Rohlingen aus Koffer an den Asaz.

D'Plack feiert jo zënter Joren scho säi Comeback. An den USA ass d'Zuel vun de Verkeef vu Placken esou héich, wéi schonn zënter 1988 net méi. Hei gouf et en Ëmsaz vu ganzer 383 Milliounen Euro.