De 26 Joer ale Bielesser huet ee ganz groussen Dram, de Bob Bertemes wëll sech un d'Weltspëtzt stoussen.

Ganz onméiglech ass dat sécher net. D'22-Meter-Grenz am Bommstoussen huet den Athlet dat leschte Joer iwwerschratt a sech domat fir d'olympesch Summerspiller dëst Joer zu Tokio qualifizéiert.

D'Fabienne Zwally war de Bob Bertemes op den Training besichen, fir him kuerz a knapp e puer Froen ze stellen.