De Grënner vun Amazon huet sech eng nei Wunneng gegënnt. Ganzer 165 Milliounen Dollar soll hie sech d'Villa zu Beverly Hills kaschte gelooss hunn.

De "Wall Street Journal" mellt, dass de Jeff Bezos de ronn 36.000 Quadratmeter groussen Terrain vum David Geffen ofkaaft huet. Deen hat d'Villa an der Géigend vu Los Angeles 1990 fir 47,5 Milliounen Dollar kaf.

Dem Jeff Bezos dierften déi 165 Milliounen Dollar awer net all ze vill wéidoen. Dem US-Magazin "Forbes" no ass hien nämlech de räichste Mann vun der Welt. Säi Verméige gëtt op iwwer 130 Milliarden Dollar geschat.