D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 14. Februar 2020 sinn: 5 / 20 / 35 / 41 / 49 mat de Stäre 6 an 10.

5 richteg Zuelen an 2 Stären hat dës Kéier keng Persoun. Domadder ass den Jackpot e Freideg den Owend net erausgaangen.
Dofir haten awer 3 Persoune 5 Zuelen an 1 Stär richteg, si kënne sech iwwer ronn 244.000 Euro freeën.

6 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet duer fir ronn 28.500 Euro ze gewannen.

Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie

Fir d'Zéiung vum 18. Februar 2020 si viraussiichtlech 27 Milliounen Euro am Jackpot.