Poubellen, déi am Waasser Dréck sammelen, e Weltrekord mat 260 Riedner op enger Bühn an e Stéck am Kapuzinertheater esou wéi e Solo-Musek-Projet.

D'Emilija Vasic klot net just, mä wëll elo an hirem Schoulprojet "Seabin" zesumme mat enger Kolleegin d'Flëss méi propper maachen. D'Schülerinnen aus dem Lycée Technique vu Bouneweg sammelen elo Suen, fir Poubellen ze kafen, déi een an d'Waasser setze kann, déi dann all Dreck usuckelen, dee se fannen. Dat gëllt och fir Plastik. Déi éischt Poubelle soll op Schwéidsbeng kommen.

Den Heinz Werner Kopp kënnt aus der Pub. Zu München war hien ee vun 260 Riedner beim 7. Internationale Speaker-Slam an huet de Speaker-Award mat Heem bruecht. 20 Natioune ware vertrueden an den 48 Joer alen Entrepreneur hat 4 Minutten Zäit, fir d'Spectateuren, déi gläichzäiteg Jury sinn, mat dem Thema "Die Sicht der Dinge" z'iwwerzeegen. Da gouf et de 24. Januar och e Weltrekord, well et stoungen ni méi Riedner zesummen op enger Bühn zu München.

De Max Thommes kennen déi Meescht vun der Tëlee, zum Beispill aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdet". Donieft war en och am Tatort mam Heike Makatsch als Kommissär ze gesinn, oder stoung mam Gérard Depardieu virun der Kamera. Am Kapuzinertheater steet hien de Moment am Stéck "Das letzte Feuer" als Acteur a Museker op der Bühn, an och säi Solo-Museksprojet DasRADIAL geet virun. Säin aktuelle Clip heescht "DAT-ICH".