D'Iddi den Numm "Royal Sussex" fir hire Label ze benotzen, kënnen den Harry an d'Meghan sträichen. Och dat gehéiert zu hirem Wonsch no Onofhängegkeet.

Sech vun de royale Flichten ze befreien, bedeit fir den Harry an d'Meghan deemno elo och, op sämtlech nach esou kleng Privileegien ze verzichten. D'Koppel krut nämlech elo vun der Queen verbueden, den Titel "Royal Sussex" fir hir eegen Zwecker ze benotzen.

D'Queen hätt sech no laangen a komplexen Diskussioune mat Memberen aus dem brittesche Kinnekshaus drop gëeenegt, dass d'Koppel dat Wuert "kinneklech" net méi benotzen däerf. Dat gëllt deemno och fir hire Label, an deen den Harry an d'Meghan Medieberichte no scho vill Suen an Aarbecht investéiert hunn. Ënnert deem Markennumm wollte si Gezei a Bürosartikelen verkafen. Och d'Stëftung vum Harry a senger Fra, déi si virun e puer Méint eréischt gegrënnt hunn, muss en neien Numm kréien.

Den Enkel vun der Queen Elizabeth II. a seng Fra Meghan hate jo am Januar annoncéiert, sech vun de Royals zeréckzezéien a selwer wëlle fir hire Liewensënnerhalt ze suergen. Den Harry, Duke of Sussex, a d'Meghan, Duchess of Sussex, wéi si elo offiziell tituléiert ginn, wunne mat hirem Jong Archie zanterhier op Vancouver Island a Kanada. Et soll awer scho geplangt sinn, dass si a Kalifornien plënneren, déi al Heemecht vun der fréierer Actrice.