Net nëmmen d'Party-Fëmmerte stellen sech dës Fro, ma och d'Wëssenschaft probéiert, eng Äntwert heirobber ze fannen.

Reegt den Alkohol d'Leit dozou un ze fëmmen?

A Studie gouf dëst Verhalen elo och confirméiert, Alkohol a Fëmme ginn also Hand an Hand. Dobäi kënnt, dass och vill Alkoholiker reegelméisseg fëmmen. De Grond heivir ass nach net endgülteg gekläert. Allerdéngs ginn e puer Ursaache verdächtegt.

Als éischt wier do de Verloscht vun der Kontroll, wann een alkoholiséiert ass. D'Hemmung géif erofgoen an da géif een sech méi einfach vu Saache wéi Fëmme verféiere loossen. Dobäi kënnt, dass Zigaretten an Alkohol sech och nach géigesäiteg an hirer Wierkung. Nicotine wierkt dann och nach e wéineg entspanend an hieft déi staark Wierkung vum Alkohol op. All dës Facteuren dreiwen d'Loscht op Zigarette beim Alkoholkonsum un.

Ma och ëmgedréit kéint d'Loscht op Alkohol wéinst dem Konsum vun Zigarette verstäerkt ginn.

Et muss een awer soen, dass dës Studien ëmmer mat enger relativ klenger Zuel un Testpersounen duerchgefouert ginn, dobäi kënnt, dass realistesch Party-Konditiounen am Labo nëmme schwéier kënnen hiergestallt ginn. Bedingunge kontrolléiert ginn, fir dass d'Resultater gemooss kënne ginn.

De Grond fir dës Etüde si virun allem d'Entwécklung vun Therapie-Methoden, well et dierf een net vergiessen, dass Alkohol an Tubak Droge sinn, déi béid staark ofhängeg a krank kënne maachen.