Et ass kee grousst Geheimnis, dass den US-amerikanesche President gären an dacks Golf spillt.

Vun den 1.127 Deeg, déi den Donald Trump President vun de Vereenegte Staaten ass, huet hien der 247 an engem Golf-Club verbruecht (Stand vum 20. Februar 2020). Sou steet et um Site "Trump Golf Count". Dës Websäit verfollegt nämlech sämtlech Golfausflich vum Trump a gëtt un, wéi vill Käschten domat verbonne sinn. Gleeft een den Zuele vum US-amerikaneschen Noriichtesender CNN, wieren et esouguer 252 Deeg bis den 31. Dezember 2019 gewiescht.

Eng Fräizäitbeschäftegung, déi net grad geschenkt ass: den Informatioune vum US-Rechnungshaff no hunn déi amerikanesch Steierzueler eleng tëscht Januar a Mäerz 2017 ganzer 13,6 Milliounen Dollar fir 4 Golfausflich bezuelt. Mat abegraff 60.000 Dollar fir Zëmmer a Raim am Palm Beach Resort. Am deiersten hunn d'Departments of Defense an Homeland Security kascht. D'Rechnung vum Secret Service, fir dem US-amerikanesche President seng Jongen an hir Fraen ze schützen, louch bei ronn 396.000 Dollar fir 3 Visitten.

Mat Bléck op all eenzele Besuch an engem Golfclub kann de Schätzunge vun der "Washington Post" no ugeholl ginn, dass d'Amerikaner pro Kéier eng Zomm vun 3,4 Milliounen Dollar bezuele mussen. Zanter 2016 wieren dat 130 Milliounen Dollar.