Am Live! Planet People geet et ëm d'Dikricher Cavalcade, den DJ Hoffi a Make-up.

De Sandro DIMOLA ass keen Hexemeeschter an awer zitt hien d'Fiedem als President vun der Dikricher Cavalcade. Dës gëtt zanter 1979 vun den Ieselen aus der Sauerstad Dikrech organiséiert. Déi éischt Cavalcade gouf 1870 zu Dikrech organiséiert. Duerno huet et bis 1882 gedauert, bis et eng nächst Oplo gouf. Dëse Sonndeg um 14.30 Auer ass den Depart vun där 41. Editioun vun der Dikricher Cavalcade.

Als Marc HOFFMANN ass hien ee vun villen. Als DJ Hoffi ass hien iwwerall, wou Fuesent, Fouer, Après Ski oder Oktoberfester organiséiert ginn. Hie bréngt alleguerten déi grouss Nimm op Lëtzebuerg. Vun Tim Toupet a Jürgen Drews bis Mickie Krause a Loona. Dëse Freideg heescht et zu Uewerkuer am Hall O "Malle Alaaf" mat Die Atzen, dem Lorenz Büffel, Tim Toupet an Isi Glück.

De Luca De MICHELE ass e Lëtzebuerger Visagist, dee vill Erfarung am Ausland gesammelt huet. Säin Duerchbroch hat en um däitschen RTL an der Sendung "Punkt 12". Du goung et op d'Fashion Week zu Berlin. Zu London huet en e grousse Concours gewonnen an entre temps huet hien e Studio zu Déifferdeng am 1535 an huet seng eege Make-up Mark. E Freideg weist e, wat e kann. An der Sendung zaubert hien aus engem Model d'Marilyn Monroe.