Zu Jonglënster hunn dëse Weekend fir d'4. Kéier d'Frënn vun der Modelleisebunn op hir international Ausstellung invitéiert.

Aus Lëtzebuerg, den Nopeschlänner, mä awer och ënnert anerem aus Polen koumen d'Hobby-Eisebunner an de Grand-Duché. Stonnen- a wochelaang hunn d'Leit un hire Miniature gebastelt.

Dëse Weekend hunn d'Miniaturzich vill Kilometeren zréckgeluecht. Déi eng waren am Erzgebirge ënnerwee, anerer sinn iwwer de Schwäizer Schinnereseau gefuer an da goufen et der, déi sech hire Wee hei am Land gesicht hunn.

25 verschidde Modelleisebunne konnt ee bewonneren. 7 verschidde Länner waren dëse Weekend zu Jonglënster vertrueden.