Et war déi entscheedend Success Story 2020 Casting Show, wou ee gewuer gouf, wien d'Finaliste sinn, déi an de nächste Wochen suivéiert ginn.

8 Finaliste ware geplangt, schlussendlech awer sinn et der 9 ginn. Dëst war eng spontan Decisioun vun der Jury, déi zesummegestallt ass vum Carole MULLER (CEO Fischer.SA), Tania BRUGNONI (Direktesch Creative Hub 1535), Christophe FOLSCHETTE, (Partner vun Talkwalker), an de Joubin BASHIRI (Tenzing Capital Partners).

D'Jury huet bei de fënnef "Wackelkandidaten" 2 Projete mat an Final geholl, sou dass an de nächste Wochen 9 Finaliste vun onse Kamerae suivéiert ginn, fir d'Evolutioun vun hirem Projet ze dokumentéieren. D'Jury kuckt hinnen dobäi am Detail iwwer Schëller. Vill Iwwerraschungen, vill Freed an awer och Enttäuschunge wäerten an de nächste Wochen op d’Kandidaten duerkommen an et wäerten der och nëmmen 8 an déi grouss Final kommen, déi den 31. Mäerz gewise gëtt.

Ee Projet muss Success Story an der Challenge-Phase verloossen. Déi éischten Challenge Sendung ass dann den nächsten Dënschdeg, wéi gewinnt um 19 Auer ob Télé Lëtzebuerg.