Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm e Kach, ëm ee Comedian an ëm e Museker.

De René Kertz ass Kach duerch an duerch an zu Stuttgart huet hie sech mat 2000 anere Profikäch gemooss an eng Medail erkacht. Mat hirem Buffet fir 120 Leit huet hie mat de Kolleegen an der Community Catering Kategorie op der "Olympiade der Köche" eng Bronzemedail gewonnen. "Lëtzebuerger Kascht modern opgedëscht" heescht d'Buch dat hien an 2 Bänn zesumme mam Tom Marson a Ben Weber erausbruecht huet.

Dem Shayan säi Gesiicht kennt der vläicht duerch d'Serie "Auf Streife" op Sat1, an als Comedian bréngt hien d'Leit zum laachen. Hie mécht mat allem de Geck, mat sengem Ausgesinn, Clichéen a Saachen, déi net sou lafe wéi se sollen. Zu Karlsruhe ass e gebuer. Mat 10 Joer koum hien an d'Land, zanter 3 Joer mécht en Theater an elo gëtt et 1 Joer, dass en am Stand-up ënnerwee ass.

De Sven Sauber verdéngt seng Suen als Museksproff. Als Singer-Songwriter a Gittarist huet en elo säin éischten Album  "Another Day" produzéiert. Seng Bandbreet geet vun akusteschem Folk iwwer Jazz, Fusion oder Pop/Rock a wann der hien als Live-Museker oder fir eng Opnam am Studio buche wëllt. Avis aux amateurs.