D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 13. Mäerz 2020 sinn: 3 / 11 / 21 / 27 / 36 mat de Stären 9 an 10.

5 richteg Zuelen an 2 Stären hat och dës Kéier keen. Domadder ass den Jackpot vu 54 Milliounen Euro e Freideg den Owend net erausgaangen.

5 Persounen hate 5 Zuelen an 1 Stär richteg, si kënne sech iwwer knapp 160.000 Euro freeën.

10 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet duer, fir ronn 18.600 Euro ze gewannen.

Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie

Fir d'Zéiung vum 17. Mäerz 2020 si viraussiichtlech 65 Milliounen Euro am Jackpot.