Hannert zouenen Dieren awer zesumme sinn, dat beweisen d'Italiener den Ament. Vu Balconen aus an aus Fënsteren eraus sangen a musizéieren d'Mënschen.

An Europa ass Italien aktuell dat am stäerkste vun der Corona-Epidemie betraffenst Land. Zanter enger knapper Woch sinn d'Leit am Land an hirer Beweegungsfräiheet staark ageschränkt.Trotz dëse Mesurë geet d'Zuel vun den Infizéierten an den Doudege weider an d'Luucht.

Aktuelle Chifferen no goufen iwwer 17.600 Persoune positiv op de Coronavirus getest. Iwwer 1.250 Leit sinn un de Suitte vun der Erkrankung gestuerwen. Besonnesch staark ass den Norde vum Land betraff.

D'Leit an Italien solle méiglechst doheem bleiwen. Restauranten a Caféë sinn zou, genee wéi d'Geschäfter. Nëmmen nach d'Apdikten an d'Liewensmëttelgeschäfter sinn op. Dat ëffentlecht Liewe steet aktuell stëll.

Sou schwierege d'Situatioun fir d'Italiener den Ament ass, ëmsou méi schéi sinn d'Videoen, déi aktuell an de sozialen Netzwierker den Tour maachen. D'Leit sange gemeinsam italienesch Lidder, si stinn op hire Balconen oder bei hire Fënsteren a versichen zesumme staark ze bleiwen a mat Trotz an Optimismus sech géint d'Kris ze stäipen.

An engem Video an der toskanescher Stad Siena sangen Noperen zesummen een traditionellt Lidd.

Och op Sizilien hunn d'Leit gesongen a musizéiert.

Zu Neapel waren änlech Biller ze gesinn.