De Lëtzebuerger Schauspiller wäert an der männlecher Haaptroll e Sonndeg am Film um ZDF ze gesi sinn.

Sollt d'ZDF hire Programm net kuerzfristeg wéinst der aktueller Kris änneren, esou wäert een den Tommy Schlesser e Sonndeg am Film "Liebe verjährt nicht" ze gesi sinn.

Dëse Message huet den Tommy Schlesser RTL via Mail matgedeelt. Normalerweis kënnt de Schauspiller an d'Studioen, fir esou Annoncen ze maachen, ma och hie passt sech der aktueller Situatioun un.

E Message vum Tommy Schlesser

''Ech weess, dass et grad vill méi wichteg Saachen a vill méi wichteg Themen ze beschwätze ginn, ewéi mäin neie Film! Mä, dat ass mäi Beruff an dozou gehéiert eben och Reklamm fir de Film ze maachen.

Ech weess och, dass et, verständlecherweis, ganz ganz ville Leit komplett egal ass, ob dee Film kënnt oder net!

Mä, wann ech mäi klengen Deel zu dësen schwieregen Zäite bäidroe kann, da sinn et déi 90 Minutten ,,heile Welt'' 

an déi een andauche kann a seng Suerge fir ee Moment vergiesse kann!

Ech wënschen Iech vill Spaass beim Kucken!

Vill Courage a bleift gesond!

Tommy ''