De Coronavirus huet Italien zanter Wochen am Grëff. Och aner südlech Länner wéi Spunien oder Portugal si vum Virus betraff.

An hei ginn drastesch Mesurë geholl, fir de Virus anzedämmen. An deene südleche Länner maache vill Lëtzebuerger Vakanz, wat fir den europäesche Konsumenteschutz vill Aarbecht bedeit.

D'Luxair huet e Groussdeel vu senge Passagéierflich ofgesot. Op der enger Säit, fir d'Ausbreedung vum Virus ze stoppen, op der anerer Säit, well d'Leit selwer Angscht hunn, iwwerhaapt nach an en anert Land ze fléien. Dat bedeit, dass vill Reesen net kënne gemaach an annuléiert ginn.

Den Ënnerscheed ass kruzial, et gouf nämlech alles eenzel gebucht. Also den Hotel, de Fluch a vläicht nach en Auto gelount, da muss ech mech ëm alles selwer këmmeren. Virun allem bei de Flich besteet net automatesch en Usproch drop, 'Geld zeréckzekréien. Hei muss een ënnerscheeden, ob d'Airline de Fluch selwer annuléiert huet oder ob een einfach net fléie wëll. Wann d'Airline de Fluch annuléiert, kann een d'Geld zeréckkréien. Trëtt een de Fluch aus Angscht net un, besteet keen Usproch op eng „Réckerstattung“.

Elo kéint ee jo mengen, an deem Fall géing eng sougenannte „Reiserücktrittsversicherung“ hëllefen. Déi ass fir déi momentan Situatioun guer net konzipéiert.

Aktuell stellt sech nach eng ganz aner Fro: de Lëtzebuerger Ausseministère huet jo en Opruff un all d'Lëtzebuerger am Ausland gemaach, fir zeréck an d'Land ze kommen. Wann ech elo op enger Rees sinn, an do ass et ganz egal, ob et eng Pauschalrees oder eng Individual-Rees ass, da kéint dat komplizéiert ginn, wann een déi wéilt ofbriechen.

Zurzäit sinn d'Reesbüroen iwwerall am Land zou fir de Public. Trotzdeem kann ee se ëmmer nach iwwer Telefon areechen. An hei ass et och ganz kloer den Appell vum Konsumenteschutz, bei all Probleem oder Fro als éischt d'Airline oder de Reesbüro ze kontaktéieren.

Wie sech elo awer erhofft huet, e Schuedenersatz ze froe fir eng Rees, déi een net maache konnt wéinst der Pandemie, dee wäert enttäuscht ginn.

Bei weidere Froen soll ee sech beim europäesche Konsumenteschutz mellen, entweder iwwer Telefon oder via Internetsite. D'Büroe sinn net den Ament net fir de Public op.