Et ginn net just negativ Säiten um sougenannte "Shutdown" uechtert d'Welt wéinst der Corona-Kris. Hei e puer Liichtblécker.

Europa an aner grouss Deeler op der Welt stinn den Ament wéinst der Corona-Pandemie stëll. Manner weltwäite Business an Deplacementer vu Mënsche bréngen eng Rëtsch positiv Saache mat sech, hei e puer Beispiller rausgepickt.

Natur otemt duerch

An de leschten Deeg sinn op ville Plazen d'CO2-Emissiounen erofgaangen. China war jo bekanntlech dat 1. Land, wou de Coronavirus seng Kreesser gezunn huet, ma genee do kënnen d'Mënschen an d'Natur elo wuertwiertlech duerchootmen: neisten Analyse vum finneschen Centre for Research on Energy and Clean Air no sinn d'Emissioune plazeweis ëm 25% erofgaangen. China huet nämlech däitlech manner Kuele verbrannt a vill Fabricken hunn de Betrib jo agestallt.

© AFP

Donieft gëtt weltwäit och vill manner gereest, sief et mam Fliger, Auto oder Schëff. All dës Faktoren droen dozou bäi, datt - esou komesch wéi et kléngt - d'Corona-Pandemie op Deeler vun der Natur positiv Auswierkungen huet.

© AFP

Touristen-Hotspotte kréien eng Paus

A wa mer scho bei Reese sinn, léisst sech duerchaus och e Bléck op d'Touristen-Hotspotte weltwäit woen. Zu Venedeg beispillsweis gëtt d'Lagun dëser Deeg geschount, well vill manner Schëffer duerch d'Gewässer fueren an natierlech keng Touristen d'Markus-Plaz a Co. iwwerfëllen. D'Waasser an de Kanäl ass nees kloer an nei Fëschbestänn kënne sech entwéckelen.

Allgemeng kënnen déi berüümte Reesdestinatiounen dëser Deeg duerchootmen. An den Alpen mécht de Schi-Zirkus jo och Paus.

Trotz Isolatioun: Coronavirus bréngt Mënschen zesummen

Wärend der Pandemie ass dat sougenannten "Social Distancing" wichteg - et soll ee vun all Persoun ee Sécherheetsofstand vun op d'mannst 2 Meter halen, fir de Risk vun engem Ustieche kleng ze halen. Ma dëser Deeg wiisst d'Solidaritéit ënnert de Leit, wann et nämlech dorëms geet, deenen ze hëllefen, déi op anerer ugewise sinn. Virun allem iwwer déi sozial Netzwierker gëtt zu gudden Doten opgeruff - et spiert een einfach: een ass fir deen aneren do a jidderee ka matmaachen! A wann et nëmmen ass, fir Mënschen aus "Risikogruppen" déi elementaarste Liewensmëttel ze besuergen.

Hei zu Lëtzebuerg gëtt et jo zanter en Donneschdeg en Online-Shop, wou leit iwwer 65 Joer Kommissioune kënne maachen.

© corona.letzshop.lu / Screenshot

Neit Bewosstsi fir Hygiène

D'Precautiounen, déi vum Ministère vun der Santé operluecht goufen, sinn op den 1. Bléck vläicht streng. Ma déi virgeschriwwen Hygiènes-Moossnamen, fir de Virus sou wäit et geet anzedämmen - an den Aarm houschten, d'Hänn e puer mol am Dag richteg wäschen asw. - féieren zu enger neier Kultur vun elementarer Hygiène. Dat "lästegt Hännwäsche" kann dëser Deeg Liewe retten.

-----------------------------------------------

Wéi et schéngt, kann d'Mënschheet op existenziell Geforen erstaunlech séier reagéieren. Emol kucken, wéi sech dat no der Corona-Kris a punkto Klimawandel weider entwéckelt.