Eleng doheem sinn, bedeit an de leschten Deeg, sech mat anere Saachen d'Zäit ze verdreiwen.

Net méi spéit wéi e Mëttwoch huet de Premier Xavier Bettel e weidere Point zu der Situatioun am Grand-Duché gemaach an do nach eemol betount, wéi wichteg et ass doheem ze bleiwen.

An Éisträich gëtt et schonn zanter e puer Deeg eng méi restriktiv Ausgangsspär. Grond genuch fir de Charly Schwarz, e Lëtzebuerger Student zu Innsbruck, 10 Saachen, déi een a Quarantän ka maachen, a Form vun engem Video, kreativ opzegräifen.

Charly Schwarz am Gespréich

Isolatioun schéngt deemno d'Kreativitéit bei munchen ze steigeren, esou zirkuléieren op de soziale Reseauen an de leschten Deeg déi sougenannte #StayAtHomeChallenge an aner Spiichten. D'Leit loosse sech vereenzelt witzeg Aktiounen afalen, fir sech esou d'Zäit an Isolatioun e bëssen ze verséissen.

Aner Challengen a Spiichten aus dem World Wide Web

Filmer a Musek op italieneschen Terrassen

Futtballspiller jongléiere mat Toilettëpabeier-Rulloen an anere Géigestänn

De Lëtzebuerger Futtball-Freestyler Sven Fielitz weist, wat e kann

Sou kann ee sech och ameséieren

Eng Ronn Badminton mam Noper spillen

Den amerikanesche Komiker Jimmy Fallon séngt "Wash your hands"

Voir cette publication sur Instagram

#WashYourHandsSong

Une publication partagée par Jimmy Fallon (@jimmyfallon) le

Den Thomas Müller botzt de Kanéngerchersstall

De Profi vum FC Bayern schéngt net just futtballeresch talentéiert ze sinn

De Lëtzebuerger Schwëmmer Raphaël Stacchiotti profitéiert iwwerdeems vun der Rou, fir iwwert säin Nowuess ze beriichten