Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm e Kach, ëm ee Comedian an ëm e Museker.

De Wëssenschaftsjournalist Ranga Yogeshwar kennt ee vun der däitscher Tëlee a säi grousst Talent ass, fir komplizéiert Saachen einfach ze erklären. Säi Gesiicht kënnt een aus dem WDR-Magazine "Quarks" oder Sendungen wéi "Wissen vor 8" an "Die grosse Show der Naturwunder. Elo an der Corona-Kris huet hien an der Talk-Show "Anne Will" virun 2 Woche scho vun enorm héijen Zuelen geschwat, wann näischt geschitt. De Wëssenschaftsjournalist an Diplom-Physiker sot awer viru kuerzem och engem Podcast-Interview dass "De Coronavirus net sou geféierlech ass wéi een denkt"

De Chris Thill ass vu Formatioun Erzéier. De fréieren Organisateur vu Mini-Lenster hëlleft den Ëmgank vu Kanner an Elteren ze verbesseren. Musse mer de Kanner an dëser Situatioun e permanente Programm ubidden. Wéi geet "Zesummeliewen". Wëlle mer de Kanner d'Recht ginn selwer z'entscheede wat, a wéi si wëlle spillen?

D'Anne Faber verbënnt een direkt mat Anne's Kitchen. Vun e Méindeg u gëtt et all Dag e Kachrezept mat deem wat een doheem fënnt. Mat dem Wëssen, datt se an zeg Emissiounen op der Tëlee an och schonn a 5 Kannerbicher ënner Beweis gestallt huet, fänkt d'Anne e Méindeg mat enger deeglecher Serie un, wou se an der eegener Kiche kacht, mat Saachen déi een doheem nach verschaffe kann.