Déi nei Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Wat weess een iwwerhaapt iwwert den Alain Atten? Dass en zanter ville Joren eise Sproochmates hei um Radio ass an och reegelméisseg beim Kuerf am Duerf déi Plaz eraussicht, wou de Fuuss ee fanne soll.

Dës Woch léiere mer och de Privatmënsch kennen. Wéi e lieft, mat wat e sech soss beschäftegt a firwat en net bestuet ass.

Ausgefrot gëtt e vum Dan Spogen Raoul Roos, Luc Biver, Patrick Kayser, Jacques Kapp, Laurent Gretsch, Gérard Valerius a Fabienne Dimmer. Um Piano den Erny Delosch.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder hei op RTL.