Sou lues misst all Mënsch verstanen hunn, wéi eescht d'Situatioun ëm de Covid-19 ass. Ma sief et nach esou seriö, et muss een och kënne mat Humor huelen.

Ma d'Panik, déi vu verschidde Mënsche verbreet gëtt, suergt och fir de Géigendeel. Ob elo iwwerdriwwen oder net, sief dohigestallt, am Internet heefe sech zanter dem Coronavirus och eng Heede Wull u Memes, Fotoen a Spréch.

Ma och Dir kënnt op RTL fir gutt Laun suergen. Wat ee muss maachen: Seng Kreativitéit spille loossen an eis e Video mat Ärer witzeger Iddi eraschécken, wéi Dir Iech de Moment beschäftegt kritt.

Säin Humor soll ee jo och behalen, zemools an Zäiten, an deenen et mol méi schwiereg ass. Mir waren den Internet duerchsichen, dës kleng Sammlung suergt bestëmmt fir dat een oder anert klengt Grinsen...