Et si Biller aus Lëtzebuerg, wéi een se aus dem Ausland scho kennt, virun allem aus Italien.

Leit, déi doheem musse bleiwen, gi sech mat de Nopere Rendez-Vous fir Solidaritéit ze weisen, Courage ze maachen a Merci ze soen. Och zu Lëtzebuerg gesäit een dat Phänomen an de leschten Deeg ëmmer méi.

All Owend um 20h00 ginn d'Lëtzebuerger eraus op hir Balconen, Terrassen oder un d‘Fënster fir MERCI soen. Mat engem Applaus, Musek oder och Gesang encouragéieren se all déi déi trotz Covid-19 schaffe mussen, virop d'Leit aus dem Gesondheetssecteur.

Egal op wéi eng Manéier ee seng Dankbarkeet an Ënnerstëtzung weist – iwwerall gëllt dee nämmlechte Motto: "Zesumme si mer staark!"