D'Corona-Kris stellt d'Welt, wéi mir se kennen, komplett op d'Kopp. Ma d'Mënsche passe sech un, dat heescht hiren Alldag.

Mam Virus koumen eng ganz Rëtsch Verännerungen, déi eis Routine, eisen Dagesoflaf an eisen Alldag, wéi jidderee perséinlech en huet, komplett duercherneegehäit hunn. D'Corona-Kris huet an eist alldeeglecht Liewen agegraff, Grondrechter wéi Versammlungs- a Beweegungsfräiheet goufen agegrenzt.

Wéi laang d'Aschränkungen nach mussen agehale ginn, ass schwéier virauszesoen. Ma et gouf acceptéiert. Bis op e puer Onasiichteger, huet de Gros den Eescht verstanen a bleift doheem. Dat meescht spillt sech just nach an de 4 Wänn of, ma d'Leit weise sech an dësen Zäiten immens solidaresch: et gëtt sech géigesäiteg encouragéiert, et entsti Spiller an Challengen op de soziale Reseauen an amplaz vum Patt am Café, prost ee sech elo iwwer Videochat. Alldeegleches verleeft elo ënnert engem anere Rhythmus.

Wat vun all dëse Verännerungen um Enn hänke bleift, kann een elo schwéier viraussoen. Ma et kann ee se a Biller festhalen.