Mir liewen den Ament wuertwiertlech am virtuellen Zäitalter. An dat ass fir den Ament och genee richteg esou.

An an aussergewéinlechen Zäite kann ee scho mol kreativ ginn. Wann d’Clienten oder d’Schüler net méi beienee kënne kommen, da muss een ebe bis bei si an d’Stuff goen. A wéi geet dat am beschten? Richteg, mam Internet.

Eigentlech war dem Stéphanie Eppe hir Iddi, fir hire Schüler all Dag eng Geschicht virzeliesen. Sou wéi si dat och all Dag an der Schoul mécht. Just kënne si sech den Ament net méi an der Schoul gesinn an dofir hëlt d’Joffer elo all Dag mat hirem Handy eng Geschicht op a stellt se ënnert hirem Pseudonym "Joffer liese mir haut eng Geschicht" op Youtube. Allerdéngs ass si doduercher iwwert hir Klass eraus bekannt ginn an hir Geschichte sinn den Ament schonn dausende Mol ugeklickt ginn. Fir vill Elteren, déi zum Beispill kee Lëtzebuergesch kënnen, ass et sou eng Méiglechkeet, dass hir Kanner och elo weider mat der lëtzebuergescher Sprooch a Kontakt bleiwen.

De Jeff huet normalerweis och seng Schüler viru sech stoen. Hien ass Fitnesscoach an huet säin eegene Fitnessstudio. Ma deen huet hien elo mussen zoumaache fir seng Clienten an hält elo just nach selwer vun dobanne Coursen online of.

An ob déi Methode si lo vill Leit, ob Entrepreneur oder net, iwwergaangen. Sief et, fir Kachcoursen unzebidden oder un enger Stonn Yoga deelzehuelen. D’Sortiment ass grouss.