Vill Bestellungen hu wéinst der Corona-Kris missen annuléiert ginn: ob Hochzäitskuchen, Taarte fir d'Kommunioun oder Gebuertsdagskuchen.

Fir awer weiderhin net nëmme musse Brout, Bréidercher oder langweileg Mëtschen ze baken, huet sech eng Bäckerei an Däitschland eppes ganz Besonnesches afale gelooss... Iwwer kee Géigestand gouf a leschter Zäit méi diskutéiert, wéinst kengem Objet goufen et a leschter Zäit méi Kläppereien an de Supermarchéen... Richteg: rieds geet iwwert Toilettëpabeier!

Ufanks wollt d'Bäckerei sech nëmmen e Spaass draus maachen an d'Leit zum Laache bréngen. D'Hierstelle war net schwéier: e klassesche ronne Marmerkuch gouf geholl a mat wäissen Fondant ëmwéckelt, fir dass en enger Rull Toilettëpabeier gläicht. Dass dës Kreatioun esou ee Succès géing hunn, domat hätt d'Personal net gerechent.

Mëttlerweil produzéiere si 200 där séiss "Rullen" den Dag. E Kuch, deen all eenzel Kalorie méi wéi derwäert ass. Eng Wuer, déi genee wéi richtegen Toilettëpabeier an Zäite vum Coronavirus rar geseet ass.