E ganz léiwe Video huet de Kensington Palace en Donneschdeg den Owend vum Prënz William sengen 3 Kanner op Social Media eropgelueden.

Och fir Royals gëllt et an dësen Deeg dobanne bleiwen. Fir vill Kanner bedeit dat, nieft der Schoul doheem och extra vill Zäit mat hiren Elteren ze verbréngen. Dat gëlt och fir kleng Royals. A fir all Kand ass et och ee Pleséier, wa se bei besonnegen Aktiounen dierfe matmaachen, zB fir d'Leit, déi an de Spideeler schaffen, z'applaudéieren.

Esou ee Video mat de Prënzekanner George (6), Charlotte (4) a Louis (1) huet de Kensington Palace en Donneschdeg op de soziale Reseauen gepost.