Och en David Goldrake ka sech net ewechzauberen, wann et heescht wärend der Corona-Kris dobannen ze bleiwen. Et ginn awer Moyene sech manner ze langweilen.

Wisou eigentlech net de Leit an de ville Kanner, déi elo mussen dobanne bleiwen eppes bäibréngen: zauberen zum Beispill. Den David Goldrake, deen zu Las Vegas lieft, dierf nämlech wéi vill aner Leit och net eraus an huet dofir decidéiert all Dag en neit Konschtstéck ze weisen an den Trick hannendru ze verroden.

Zanter dem 23. Mäerz post de Lëtzebuerger Illusionist all Dag ee Video mat engem Zaubertrick, deen ee ganz einfach doheem léiere kann.

Wie méi Tricke léiere wëll, fënnt dem David Goldrake Videoen op senger Facebook-Säit.