Mir hu fir Iech 5 beléifte Gesellschaftsspiller erausgepickt, déi géint de Lagerkoller hëllefen a garantéiert fir Ofwiesslung suergen.

De Kleederschaf gouf scho nei sortéiert, d'Fréijoersbotz ass scho sou gutt wéi erleedegt an awer bleift engem nach masseg Zäit, déi just dorop waart, gefëllt ze ginn.
Mir hu fir Iech 5 beléifte Gesellschaftsspiller erausgepickt, déi géint de Lagerkoller hëllefen a garantéiert fir Ofwiesslung suergen.

1. Dixit

„Dixit" ass ee Spill mat vill Kommunikatiounspotenzial. Gespillt gëtt mat flotte Bildkaarten. Bei all Ronn hëlt een anere Spiller d'Roll vum Erzieler an, an iwwerleet sech eng passend Ausso zu enger vu senge sechs verdeckte Kaarten. Ob just ee Wuert, een Zitat oder ee Filmtitel: der Fantasie sinn hei keng Grenze gesat. Entspriechend der Bedeitung sichen d'Matspiller aus hire Bildkaarte jeeweils déijéineg aus, vun där si mengen, dass se am beschten zur Ausso passt. Duerno geet et drëm, d'Kaart vum Erzieler ze fannen. Um Enn gewënnt dee Spiller, dee mat senger Kaart déi meeschte Leit iwwerzeege kann.

© Asmodee

2. Exploding Kittens

Beim Kaartespill „Exploding Kittens" geet et héich explosiv hir - eng taktesch Versioun vu Russesch Roulette, just ebe mat Miissercher amplaz vu Patrounen. D'Spiller zéien een nom anere Kaarte vun engem Koup, bis een eng „Exploding Kitten" zéit. Deejéinegen „explodéiert" a scheet direkt aus. Et sief dann, en huet eng Entschäerfungskaart. Mat dëser kann een nämlech d'Miissche berouegen, vum Explodéieren ofhalen an esou an der Partie bleiwen. Gespillt gëtt sou laang, bis just nach een, nämlech de Gewënner iwwreg ass.

© idealo.de

3. Die Siedler von Catan

D'Strategiespill „Die Siedler von Catan" versetzt een an d'Zäitalter vun de groussen Entdeckungen. D'Zil ass et, déi onberéiert Insel Catan ze besidelen a fir sech ze gewannen. All Spiller dirigéiert ee Vollek, dat probéiert esou vill wéi méiglech Stied ze bauen an Handelsstroossen unzeleeën. Fir un déi néideg Rostoffer ze kommen, muss een natierlech och clever verhandelen an tausche kënnen. Den Dram vu Muecht a Wuelstand verwierklechen, kann hei just deen, dee seng Matspiller geschécklech ëm de Fanger ze wéckele weess.

Et ginn natierlech och Spiller, déi een einfach a séier selwer gestalte kann an dat mat net vill méi, wéi engem Blat Pobeier an engem Stëft.

© catan.de

4. Stad, Land, Floss

Wéi heescht d'Haaptstad vu Kroatien? Wéi eng Faarwen huet de Fändel vun Argentinien? Wéi een ass dee längste Floss vun der Welt? Mam Klassiker „Stad, Land, Floss" kann een, wéi den Numm et scho seet, säi Wëssen iwwer d'Stied, d'Länner an d'Flëss vun eiser Äerd testen. Pro Ronn gëtt e Buschtaf aus dem Alphabet ausgesicht, zum Beispill andeems ee Spiller a Gedanken d'Alphabet opzielt an en anere "Stopp" rifft. Da mussen déi eenzel Spiller fir all Kategorie ee Begrëff fannen, dee mam gewielte Buschtaf ufänkt. Soubal deen Éischten all d'Kategorien ausgefëllt huet, mussen déi aner Spiller ophale mat schreiwen an d'Begrëffer gi verglach. Déi meeschte Punkte ginn et fir dee Spiller, deen als eenzegen e Wuert fir eng Kategorie fonnt huet.

© L. Fischer, Deutsches Kinderhilfswerk

5. Wie sinn ech?

„Wie sinn ech?" suergt net just bei Kanner fir Gelaachs! D'Reegele vun dësem Spill si ganz einfach. All Spiller schreift op en Ziedel den Numm vun enger bekannter Persoun (et dierf och eng Comic-Figur, en Déier oder e Géigestand sinn) a pecht e sengem lénke Noper op d'Stier. Noenee muss jiddereen erroden, wien en duerstellt, andeems e senge Matspiller Froe stellt, déi dës just mat „Jo" oder „Nee" beäntweren dierfen. Heescht et „Nee", ass deen nächste Spiller un der Rei mat roden. Wien als éischten erroden huet, wien en ass, huet gewonnen an däerf säin Ziedel vun der Stier huelen. Natierlech kann och sou laang weidergespillt ginn, bis all Spiller d'Rätsel geléist huet.

© istockphoto.com