Fir déi grouss Finall hu mir der Jury eng Kéier iwwert d'Schëllere gekuckt.

Zanter Ufank Januar leeft op RTL Télé déi véiert Staffel vun der Success Story, dës Woch ass et dann déi grouss Finall. Da gi mer gewuer, wéi eng Geschäftsiddi sech konnt zu enger richteger Erfollegsgeschicht entwéckelen.

Um Enn decidéiert d’Jury, wien d’Gewënner sinn. D'Carole Müller, d'Tania Brugnoni, de Christophe Folschette an de Joubin Bashiri si mëttlerweil déi heemlech Stare vun der Success Story.

Mir hu si um groussen Dag vun der Finall vun der Succes Story begleet an hinnen iwwer d'Schëller gekuckt.