Vill Leit sinn dëser Deeg mat Aarbechtskolleege via Videokonferenz matenee verbonnen.

Wichteg ass et och an Zäite vun der Coronavirus-Pandemie, fir mat den Aarbechtskolleege weiderhin a Kontakt ze bleiwen. Dofir gëtt dëser Deeg nawell dacks op Videokonferenzen zeréckgegraff, wann et drëms geet, sech ënner Aarbechtskolleegen ze gesinn, fir iwwer wichteg Sujeten ze schwätzen.

Eng Webcam bitt natierlech Ablécker an dat privat Ëmfeld an op ee selwer. Deemno wier et natierlech och ubruecht, sech adequat unzedoen a sech net torse nu géigeniwwer vu sengem Chef an Aarbechtskolleegen ze weisen.

Dat huet dëse jonke Mann ënne riets am Bild wuel net fir néideg gehalen :-) ... hien huet net just der versammelter Ekipp säi Plakebauz presentéiert, mä hat och nach kee Kalzong un!