U sech wollt den neie Quarterback vun den Tampa Bay Buccaneers sech mat sengem Offensive Coordinator Bryon Leftwich treffen. Dat war awer schif gaangen.

Eréischt viru kuerzem ass de Quarterback, deen als ee vun de Beschte vun allen Zäiten am American Football gëllt, op Tampa geplënnert. Esou richteg schéngt hie sech an der Géigend awer nach net auszekennen.

Wéi hien ënnerwee bei säi neien Offensive Coordinator war, fir Material sichen ze goen, huet sech de fréiere QB vun den New England Patriots am Haus geiert a stoung bis op eemol an der Stuff vum Noper, dem David Kramer. Vill geschitt ass dobäi awer net. Eng kuerz Entschëllegung an d'Saach war gekläert.

Ma wéi koum et dozou, datt dee Faux-Pas eréischt an der Stuff opgefall ass? Ma, well de Coach de Brady erwaart huet, ass de Sportler ouni ze schellen einfach an d'Haus gaangen. A well den David Kramer seng Wunneng wëll verkafen an do op deem Dag e grousst Kommen a Goe war, war d'Hausdier och net zougespaart.

Esou koum et zum Mëssel, datt den Noper vum Trainer den neien Topstar perséinlech kenne léiere konnt. An eventuell kritt hien d'Haus mat dëser klenger Anekdot elo nach fir e bessere Präis verkaf...