Maske mat rausgestreckten Zongen an onheemlechen Zänn: Mat där Iddi wëll déi islännesch Designerin Yrurari d'Mënsche an der Corona-Kris op Distanz halen.

D'Maske solle wéinst der Ofstandsreegel méi grujeleg sinn, sou d'Yrurari alias Yr Johannsdottir. Inspiréiert gouf d'Kënschtlerin duerch bizar Stréck-Kreatiounen aus Filmer a Fernseesendungen, déi si an hirer Isolatioun tëscht Mäerz an Abrëll gekuckt huet.

Eigentlech waren d'Maske just als Witz geduecht, sou déi 27 Joer al Designerin. Si bidde kee Schutz virum Coronavirus, ma si halen d'Leit awer ewech. Ënner anerem suergt dofir eng Mask aus där 4 Zongen eraushänken. Nieft Zongen an Zänn ginn et och Modeller mat net ganz virdeelhafte Brécken. Fir déi méi opwännegst Kreatioune brauch d'Kënschtlerin bis zu 10 Stonnen.

Textil-Muséeën an den USA an an Holland hu schonn ugeklappt, fir esou aussergewéinlech Masken an hir Sammlung opzehuelen - als Erënnerung un d'Corona-Zäiten. An obschonn hir Masken um Internet grousse Succès hunn, huet d'Yrurari net wëlles, se en Masse ze produzéieren. "Ech wëll, dass se einfach sou sinn, wéi se sinn, fir de Moment, an deem ech se gemaach hunn".