Op Twitter huet rezent eng Persoun e falschen Account opgemaach, datt ënnert dem Numm vum Ierfgroussherzog Guillaume.

An engem Communiqué deelt d'Cour grand-ducale mat, datt dësen Account kee Lien mat der groussherzoglecher Famill huet an dowéinst als e Fake-Account ugesi gëtt.

D'Populatioun gëtt gebieden, dësen Account z'ignoréieren. Déi néideg Demarchë goufen an d'Weeër geleet.