E Mann a Groussbritannien hat d'Consigne "bleift doheem" wuel e bëssen anescht verstan. Vill Leit hunn net schlecht gestaunt.

D'Fotoe vun engem ganz erstaunten Aenzeien, nodeems hien e Client virun engem Supermarché zu Bristol mat engem méi speziellen Otemschutz gesinn huet an der Schlaang stoen, sinn op Twitter séier zu engem viralen Hit ginn.

"Ob e wuel eppes falsch verstanen hätt?", huet ee User ënnert dem Post kommentéiert. Een aneren war beandrockt vun der kreativer Iddi. Op jiddwer Fall hunn déi meescht Leit d'Iddi witzeg fonnt. Aner Reaktioune waren: "Et ben, e bleift doheem, iergendwéi", "Warscheinlech laacht hien dorënner all déi aner Idioten aus, déi hir Haiser vergiess hunn", "Dat war am Februar bestëmmt an der Reklamm".

Et ass net déi éischte Kéier, dass de Mann mat sengem Haus um Kapp ënnerwee war. Hien ass souguer schonn eppes, wéi eng lokal Berüümtheet. Méi wéi eemol hätte Leit e scho gesinn, mat Disco-Luuchten a Musek un, déi aus senger Hütt um Kapp ze héieren ass, duerch Bristol lafen.