An enger Foussgängerzon zu Bréissel huet d'Police eng ganz jonk Chauffesch ugehalen. Natierlech als léiwe Geck.

An der belscher Haaptstad kontrolléiert d'Police reegelméisseg, ob d'Leit sech un d'Sécherheetsmesuren an Zäite vum Coronavirus halen.

Wéi ee klengt Meedchen an engem klenge motoriséierte Spillauto gefuer komm ass, hunn d'Poliziste bal missen no de Pabeiere froen. De Corpschef vun der Bréisseler Police huet de Video op Twitter gedeelt. Gefilmt huet de Papp déi aussergewéinlech Zeen.