Wéi steet et ëm d’Bëscher hei am Land?

Et soll een net vergiessen, dass Lëtzebuerg d'Haaptstad vum Departement des forêts war, dat 1795 ënnert dem Napoléon deem Éischten entstane war.
Et war ee risegt Gebitt vu Bëscher, dat sech iwwer d'Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland erstreckt huet. Zanterhier ass vill geschitt an haut hätte mer den Numm "Département des forêts" net méi verdéngt.
"De Bësch ass eise gréisste Reservoir vu Biodiversitéit. En erfëllt eng ganz Rei ekologesch Funktiounen, déi en héije Wäert hunn," steet op der Homepage vum Ëmweltministère, an dat seet alles.
De Bësch ass e wichtege Liwwerant vu Sauerstoff a Réihstoff, an en huet eng ganz Rei vu Schutzfunktiounen, wéi Waasserspäicher, Erosiounsschutz, Filter fir Stëbs a Schuedstoffer. Donieft ass et de Liewensraum vu ville Planzen an Déieren an et ass ee wichtegen Erhuelungsraum fir eis all. Mä et geet dem Bësch net gutt! E leit ënnert dem Klimawandel, d'Dréchent aus de leschte Joren hunn him ferm zougesat.
Och wann an eise Géigenden en Ëmdenken an der Forstwirtschaft am Gaang ass, muss ee sech bewosst sinn, datt de Bësch vill Zäit brauch, fir sech ze regeneréieren an datt et nach ee laange Wee ass, fir d'Feeler aus der Vergaangenheet auszegläichen.
E puer Zuelen, fir dat ze beleeën: Der Statec no waren 1986, 77% vun de Beem kärgesond. 2019 waren et der just nach ronn 13%. Dat ass dramatesch.
Een Drëttel vun der Fläch vu Lëtzebuerg si Bëscher, dovunner 64% Lafholz (Buchen an Eechen) a 36% Fiichten a Kiferen. Déi meescht Problemer gëtt et den Ament an de Fiichten- a Kiferbëscher, wou duerch d'Dréchent an de Befall vum Borkekäfer immens vill Beem futti gaange sinn.
Wat mat de Bëscher hei am Land geschitt, gesi mer d’nächst Woch an dëser Rubrik.