Am Live! Planet People e Freideg waren de Sebastian Gudenburg, Mickie Krause a Yannis Capitani eis Invitéen.

Den Numm vum Sebastien Gudenburg sengem Podcast ass Programm. Bei "Erklär&Laach" ass vu schmunzele bis laachen alles erlaabt, wa si am Trio lassleeën. De Podcast gëtt et zanter gutt 13 Méint an an der Moyenne hu si eng 2.000 Leit, déi hinne pro Woch nolauschteren. D'Gesiichter kéint een awer och kennen, well ier se sech just op den Audio zréckgezunn hunn, konnt een déi 3 vun 2013-2018 zesummen op Youtube gesi mat Sketcher a witzegen Ëmfroen als "Duck Féiss".

De Mickie Krause ass net just um Ballermann bekannt. Och hei am Land huet de Sänger vun "10 nackte Friseusen" oder "Schatzi, schenk mir ein Foto" sech längstens e gudden Numm gemaach a fëllt grouss Säll an Zelter. Well d'Fouer dëst Joer flaach fält, huet hie mat anere Stëmmungskanounen eng Home-Edition fir muer ugekënnegt, zesumme mat senge Kolleegen Tim Toupet, Honk, Ikke Hüftgold, Lorenz Büffel oder Die Draufgänger. Awer och d'Isi Glück an d'Mia Julia ergräifen de Mikro vun 18h un aus hirem Partykeller a suerge fir Stëmmung op RTL.lu. An Hoffi-Zambezi, Hunneg-Strëpp an de Mambo Schinki dierfen net feelen.

De Yannis Capitani lieft a schafft zu Berlin. Am Lockdown huet hien de Coronapin fir de gudden Zweck designed.D'Asbl Gigs4u organiséiert schonn e puer Joer Eventer, fir jonke Kënschtler ze hëllefen. Mam Verkaf vum Pin solle si ënnerstëtzt ginn, awer de Pin soll och e Souvenir sinn, dass mer déi Mënschlechkeet a Solidaritéit, déi elo entstanen ass, net vergiessen. De Pin kritt ee fir 4,99€. De Yannis sollt sech dann och am Juni bestueden, awer wéi vill Saache gouf d'Hochzäit emol op spéider reportéiert.Méi Informatioune fannt dir op www.coronapins.com