Um 18. Mee feieren den Thomas Gottschalk, de Yannick Noah an de Jean-Paul II e ronne Gebuertsdag.

70 Joer fir den Thomas Gottschalk

Happy Birthday Thomas Gottschalk / Michelle Reiter

Hie war eng Zäit dee gréissten Entertainer an Däitschland. A senger Karriär ass et dacks erop awer och alt mol erof gaangen. Onverkennbar beim him awer ëmmer säi Look, seng opfälleg Frisur  säi ganz eegene Kleederstil. Ugefaangen huet fir de jonken "Tommy" alles beim Radio, méi genau beim Bayrischen Rundfunk. 1987 goung et dunn eriwwer bei d'Tëlee mat der Emissioun "Na sowas!"

Wuel am bekannsten dierft den Thomas Gottschalk fir "Wetten dass..?" sinn, déi hie ganzer 151 Mol moderéiert huet. Wou d'Quote vun der Sendung awer du vun 20 Milliounen op ënner 9 gefall sinn, ass och de Moderator an e grousst Lach gefall. De Gottschalk stoung ëmmer gär am Mëttelpunkt an huet sech bis ewell och net vun esou munch engem Flopp klengkréie gelooss an esou taucht hien ëmmer nees an der Ëffentlechkeet op.

De Yannick Noah feiert 60 Joer

De Yannick Noah beim Davis-Cup 2018

Happy Birthday Yannick Noah / Christiane Kremer

Bei eise franséischen Noperen gouf hien haaptsächlech wéinst eppes bekannt: Hie konnt als Fransous de groussen Tennis Tournoi Roland Garros zu Paräis gewannen. Ganzer 23 Turnéieren huet hien als Tennis-Profi fir sech entscheet an huet 1991, 1996 an 2017 als Kapitän den Davis-Cup mat Frankräich gewonnen

Ma aus dem fréieren Tennis-Ass ass haut e Museker ginn, dee wuel scho méi Concerten, wéi Tennis-Matcher hannert sech huet. De Mann mat der Rasta-Frisur huet 1991 ugefaangen, Musek ze maachen an huet domadder d'Leit begeeschtert.

De gebiertege Kameruner huet 5 Kanner, woubäi och eent dovunner Sportfans dierft bekannt sinn: De Joakim Noah spillt an der NBA bei de Los Angeles Clippers. Haut feiert den houfrege Papp, deen 2 komplett verschidden erfollegräich Karriären duerchgezunn huet, 60 Joer.

100 Joer Jean-Paul II

© AFP

Happy Birthday Jean-Paul II / Marie Gales

Den 18. Mee 1920 koum de Karol Józef Wojtyla a Polen op d'Welt. Wat zu deem Zäitpunkt kee wosst, dëse jonke Mann sollt den éischten net-italienesche Poopst no 455 Joer ginn. Den 22. Oktober 1978 gouf hien zum Poopst ernannt an hat dësen Titel, bis hin den 2. Abrëll 2005 am Alter vu 84 Joer gestuerwen ass. 2011 huet d'Kierch de Jean-Paul II séileg an 2014 helleg gesprach.

Hie gëtt als Charismatesch beschriwwen a huet sech ëmmer nees fir de Fridden an d'Gerechtegkeet op der Welt agesat. Ganz wichteg war fir hien den Dialog mat den anere Reliounen. Hien huet eng weltwäit Eenegung an Zesummenaarbecht vun all de verschiddene Konfessiounen ugestrieft.

Markéiert war säi Pontifikat awer duerch d'Attentat op hien den 13. Mee 1981. Den tierkesche Riechtsextremist Mehmet Ali Ağca hat zu Roum 2 mol op de Poopst geschoss a säi Liewe konnt just no enger 5-Stonne laanger Operatioun gerett ginn. E Joer drop konnt eng zweet Attack vun engem Paschtouer op de Jean Paul II. a Portugal verhënnert ginn.

Dat huet hei vu senger Aarbecht net ofgehalen an esou huet hien a senger Amtszäit 127 Länner bereest, esou vill, wéi nach kee Poopst virun him.