Dës Sneaker hat d'Basketball-Legand wärend engem Match vun der NBA un an huet se dono och ënnerschriwwen.

Bis ewell war de "Moon-Shoe", och vun Nike hiergestallt, den deierste Schong vun der Welt. Dëst war den éischte Modell vun der haut weltbekannter Sportsmark. Am Juli 2019 gouf dee fir 404.000 Euro versteet.

Den "Air-Jordan-1" war den éischte Modell Schong, deen Nike extra fir de Basketballspiller hiergestallt huet. Den Numm vum Schong geet op dem Michael säi Spëtznumm "Air Jordan" zeréck. Dëse Schong hat den Jordan a senger éischter Saison fir d'Chicago Bulls un.