Duerch eng Spenden-Aktioun fir dat brittescht Spidolspersonal ass de Krichsveteran Tom Moore zum Corona-Held ginn. Elo soll hien zum Ritter geschloe ginn.

De Premierminister Boris Johnson huet den 100 Joer ale "Captain Tom" fir den Éierentitel nominéiert.  Mat senger Spendenaktioun hätt de Moore "dat ganzt Land inspiréiert", sou den Johnson a senger Erklärung. De Veteran wier e "Liichtfeier am Niwwel vum Coronavirus".

Deen a Groussbritannien als "Captain Tom" bekannten, fréiere Kommandant hat sech no enger Hëft-OP virgeholl, bis zu sengem 100. Gebuertsdag 100 Mol mat sengem Géibock (eng Trëppel-Hëllef fir eeler Leit) déi 25 Meter vu sengem Gaart op- an of ze trëppelen a sech dofir sponseren ze loossen. Gehofft hat hien op 1.000 Pond, ma seng Aktioun hat därmoosse Succès, dass e Milliounebetrag zesummekomm ass.

D'Sue sinn un den nationale Gesondheetsdéngscht NHS gaangen. De Pensionär gouf duerno zu enger nationaler Berüümtheet. En Zuch gouf zum Beispill rezent no him benannt, hie krut eng Invitatioun fir eng englesch Cricket-Ekipp ze treffen an den "Daily Telegraph" huet en Artikel iwwer säin "ëmmer perfekte" Kleedungsstil erausbruecht.

Den 30. Abrëll huet de "Captain Tom" 100 Joer kritt. Zwee Juegdfligere vun der Royal Air Force hu säin Haus extra dowéinst iwwerflunn an hie krut eng 140.000 Gléckwonschkaarten aus der ganzer Welt.