Fir dass och hien Tréinen iwwert d'Trennung ka vergéissen, huet eng Chineesin hirem Ex-Frënd e puer Tonnen Ënne bei d'viischt Dier kippe gelooss.

Fir sech ze rächen huet d'Zhao aus der ostchineesescher Provënz Shandong e puer Tonnen Ënnen am Internet bestallt an huet se virun d'Hausdier vun hirem Ex-Frënd kippe gelooss. Hien hat si kuerz virum Vältesdag, deen a China dëse Mëttwoch ass, no engem Joer Bezéiung verlooss. Elo wier et un him, ze kräischen.

D'Zhao hat de Livreuren de Message ginn, d'Ënnen bis bei d'Dier ze féieren an ouni ze schellen nees fortzefueren. Just e Message huet op d'Aktioun higewisen: "Ech hunn 3 Deeg laang gekrasch, lo ass däin Tour", stoung op engem Ziedel bei der sténkeger Liwwerung.

Den Ex-Frënd huet d'Reaktioun "iwwwerzunn" fonnt, donieft wieren d'Noperen immens rosen, well och si de Gestank erdroe mussen. "Ech weess net, ob hire Frënd kräischt oder net, mä ech erstécke bal", huet sech eng Nopesch beschwéiert. Déi ganz Noperschaft géing no faulen Ënne richen.